Eer natural fierwen
03.04.2020Matériel
- Eeër
- Liewensmëttel: Kaffee, Roude Kabes, Bloobieren, Kurkuma, Ingwer, Zwiwwelen, Petersilie
- Een aalt Dëppen ( D'Faarwen fierwen of )
- Esseg
- Evtl. Wattestäbchen
Description
1. D'Eeër kachen ( 10 Minutten ) an dono mat kalem Waasser ofschrecken
2. D'Liewensmëttel 30-45 min liicht kachen loossen
- Fir den Kaffe Kaffepolver huelen
- D'Geméis schielen an an puer Stecker schneiden
- Kurkuma an Ingwer einfach dran leen
- 1 Iessläffel Esseg dobäi gin ( Sou huelen d'Eeër Faarf besser un )
3. D'Eeër mat engem Läffel an faarwegt Waasser leen, an ca. 10 minuten dran rouen loossen
4. D'Eeër eraus huelen an dréchenen loossen.
Optional:
Wann dir nach Muster well drop machen, kennt dir Wattestäbchen huelen an Esseg/Zitrounejus tauchen, an dann Muster op d'Eeër machen.
Vill Spaass!