Passer au contenu principal

Leckeren Zimtschneckenkuchen

31.03.2020

Loscht op Zimt? An op eppes aneschtes wéi déi übleg Muffins, Kuch an Kichelecher?
Hei en leckeren an einfachen Zimtschneckenkuch!
Deen gesait net nemmen gudd aus, mee ass och gudd!


Matériel


Fir den Deeg:
  • 20gr frësch Hierf
  • 500gr Miehl
  • 80gr Zocker
  • 60gr mëlle Botter
  • 100ml lauwarm Mellech
  • 90ml lauwarm Wasser
  • 1 Tl salz
  • 1 Ee

Fir Fëllung:
  • 40gr Botter
  • 60gr Zocker
  • 3 TL Zimt
Fir Glasur:
  • 120gr Puderzocker
  • 1 Pck Vanillezocker
  • 1-4 EL Mellëch oder Wasser


Description


  1. Fir den Deeg gët alles zesummen an eng Schossel gemaach an geknied! Waat alles zesummen an d'Schossel kennt fannd dir ënnen beim Material! D'Hierf hun mir virdrun an der lauwarmer Mellëch opgeleist! Dann den Deeg eng gudd Stonn rouen losen! Am bëschten mat engem fiichten Duch iwert Schossel zoudecken an bei eng Heizung stellen fir dass den Deeg opgeet! No enger Stonn den Deeg zu engem Rechteck ausrullen!
  2. Fir d'Fëllung; d'Botter kuerz opwiermen an schmelzen losen! Dann den Hierfdeeg deen ausgerullt ass mam flëssegen Botter mat engem Pinsel bestreichen! An enger separater Schossel Zocker an Zimt mëschen an dësen dann op den Deeg, deen mat Botter bestrach ass drop streehen.
  3. Den Deeg an der breed zesummenrullen an an 3cm deck Stécker schneiden! Déi ofgeschnidden Stécker leehen mir dann an eng gefettet Backform esou dass een Schneckenform gesait!
  4. An engem firgeheitzten Uewen bei Emloft an180grad 25min baaken losen
  5. Zum Schluss, wann den Kuch faerdeg ass den Puderzocker, d'Vanillezocker an Wasser oder Mellësch zesummen mëschen an nach op deen warmen Kuch driwer pinselen! 
Voilà an e gudden Appetit
Original Rezept ass och bei den Biller/Fotoen ze fannen!