Mir bauen eng Hütt am Bësch
02.04.2020Kanner gi gären op en Ausflug mat der ganzer Famill an den Bësch.
Éier mir an den Bësch gin, kenne mir un folgendes denken:
- Fest Schong
- Passend Kleeder
- Eng 1 Hëllefstruss
- Ganz wichteg, een Picknick Kuerf mat Uebst, Fläsch Waasser an Kichelcher
Matériel
Äascht
Blieder
Moos
Description
Fir eng Hütt am Bësch ze bauen ass der Fantasie keng Grenz gesat.
Am Bësch hues du vill Méiglechkeet eng Platz ze fannen, fir deng Hütt ze bauen.
Du sammels Äascht vum Buedem dei am Bësch ronderëm leien.
Dei gesammelt Äascht gin elo géint eng Gabelung vum Bam gestalt, sou dat näischt verrutschen kann.
Elo kann’s du ganz viel kleng an dënn Äascht vum Buedem sammelen, dei’s du an den Zwëschenräim vun der Hütt opstopps.
Zum Schluss kanns du mat Moos an Blieder deng Lächer an der Hütt ofdecken.
Wann deng Hütt färdeg as, kann’s du mat der ganzer Famill den Picknick genéissen.