Passer au contenu principal

Molen mat Salz

08.04.2020

Dëst ass eng aner Aart a weis fir ze molen déi immens Spaass mécht an mat Saachen déi dir doheem hutt.


Matériel


- Decken Pobeier / Kartrong
- Flessegen Päsch
- Wasserfaarwen 
- Salz
- Waasser 

Dir kennt alternativ zu den Waasserfaarwen och Liewensmëttelfaarwen mat Waasser verdënnen. 

Description


- Huelt Pobeier / Kartong
- Huelt lo den Päsch, an zeechent eng Form vir z.b een Ouschterhues, een Bam, een Quadrat,... dir kennt awer och eppes schreiwen. Der Kreativitéit ass heibäi keng Grenz gesat  
- Direkt dono street dir d'Salz op d'Bild. De Päsch muss ganz bedeckt sinn. 
- Lo d'Bild hiewen, sou fält dat Salz wat ze vill war erof ( Am beschten iwwert der Poubelle /...) 
- D'Faarwen mat Waasser verdënnen, an um Salz untuppen: Dir wäert gesinn dass sech d'Faarwen no riets an no lenks verdeelen. 

Vill Spaass!