Passer au contenu principal

Villchersfutterschuelen

02.04.2020

Passend zum Ufank vum Fréijoer, kennt dir den Villercher Futterschuelen bastelen, mat Saachen déi een doheem huet.


Matériel


- Eeërkartong
- Eidels Mëllech/Juskeschten 
- Eidels Toilettëpabeierenroulen
- Schéier
- Fuedem 
- Erdnossbotter
- Villerchsfutter
- evtl. Faarwen  

Falls dir keen Villerchsfutter doheem hutt, kennt dir och einfach Erdness, Sesam, Sonneblummekären, Walnoss, Rosinen asw. huelen



Description


Mat engem Eeërkartong: 
- Huelt iech en eidelen Eeërkartong
- Schneit den Deckel mat der Schéier of 
- Schneit mat der Schéier kleng Lächer an den Kartong, fir dass äeren Fuedem dadurchpasst an verbannt den Fuedem mat engem Knuet. Den Eeërkartong soll wei eng Schaukel sinn. 
- Mat Futter opfëllen an dobaussen op der Terrasse/Gaart/virun der Dier ophänken 

Mat engem Mëllechs-/Juskatron:
- Huelt iech een eidelen Mëllech-/Juskatron
- Schneit den Kartrong an der hallschent duerch, sou kritt dir zwou Schuelen. Oder dir schneit zwee grouss Lächer an den Kartong 
- Wann dir wëllt kennt dir dësen elo umolen 
- Schneit mat der Schéier kleng Lächer lenks an riets uewen an den Karton, fir dass äeren Fuedem dadurchpasst.
- Mat Futter opfëllen an dobaussen op der Terrasse/Gaart/virun der Dier ophänken 

Mat engem Toilettenrouleau
- Huelt iech een eidelen Toilettenrouleau
- Schmiert den Rouleau mat erdnossbotter an, sou kennt dir lo den Villerchsfutter drop maachen. 
- Fuert mam Fuedem duerch den Rouleau, seu dass dir een ophänken kennt 
- Lo ass en prett fir op der Terrasse/Gaart/virun der Dier opzehänken


Vill Spaass!