Passer au contenu principal

En flotten Naturmobilet

30.03.2020

Dës ass eng flott Aktivitéit fir wann een Méiglechkeet huet mam Kand an Bësch ze goën respektiv, irgendwou wou een un Naturmaterial kennt. Firun allem wann Kand nët esou gaeren spazéieren geet kéint mat dëser Iddi d'Interessi vum Kand e bessen geweckt ginn well et eng kléng Sammelaufgab ze maachen huet an et esou e bessi vum treppelen oflenkt!


Matériel


  • Eng Schéier
  • Woll oder Fuedem
  • Kreativitéit 


Description


  • Mam Kand an den Bësch goën oder irgendwou, wou een Naturmaterial fend (Gaart, Felder,...)
  • Verschidden Naturmaterialien sammelen (Dännenzapfen, Äscht, Moos, Blieder, Bengelen, Sténg, asw.)
  • Nom spazeieren, Doheem déi verschidden gesammelt Saachen op engem groussen Dësch ausbreeden
  • Fir den Mobilet ze basteln: brauch een eng Schéier an Woll/Fuedem
  • Wann Kand ze kléng ass fir selwer den Mobilet zesummen ze basteln dann kann een Elterndeel dobai helefen 
  • E kléngt Kand kann awer d'Saachen selwer zesummen sichen an d'Plaz soen wou et soll hin kommen an den Erwuessenen stréckt se dann zesummen
  • Voilà a schon ass den Naturmobilet faerdeg a kann elo opgehaangen ginn