Passer au contenu principal

Pizzastangen

23.04.2020

Selwer gemachten Pizzastangen 


Matériel


Fir den Pizzadeeg ( Dir kennt och ferdegen Pizzadeeg huelen) : 
  • 250 ml lauwaarmt Waasser
  • 1 Wierfel frësch Hief ( alternativ 2 Päck Trockenhief)
  • 1 Téiläffel Salz
  • 2 Iessläffel Ueleg
  • 500g Miel + een bëssen Miel fir beim Ausrullen
Dir braucht nach eng Rull, Bakpobéier, eng Schossel, Messer, Tomatenzoss an evtl. Kéis ( evtl Hellef vun den Elteren ) 

Description


  • D’Hief mam lauwaarmen Waasser an enger Schossel vermëschen
  • D’Miel, de Salz, den Ueleg dobäi gin
  • Vermëschen an den Deeg ca. 5 Minutten knieden (Mixer huelen mat Knethaken oder mat der Hand)
  • Den Deeg 1 Stonn zougedeckt op enger waarmen Platz stoen loossen
  • No der 1 Stonn, soll den Deeg sech verduebelt hunn; Uewen op 180*C (Umluft) virhëtzen
  • Lo gëtt den Deeg ausgerullt. Huelt een Stéck vum Deeg an leet een op eng Platz wou dir Miel drop gestreet hutt.
  • Rullt den Deeg aus an leet en op een Bakblech mat Bakpobéier 
  • Verdeelt d'Tomatenzoss um Pizzadeeg. Net ze vill!
  • Schneit den Deeg elo an Sträifen an zesummeklappen
  • Lo just nach déi eenzel Sträifen emwirbelen 
  • Wann dir wëllt kennt dir nach Kéis drop verdeelen
  • 10-12min. am uewen baken ( Opgepasst mam eraushuelen! )
Gudden Appetit!