Passer au contenu principal

Pankesch mat Ham an Kéis

04.05.2020

Pankescher kann een net nëmmer mat Zocker, Nutella oder Gebees iessen, ma och mat Ham & Kéis!


Matériel


1 Portioun (+ - Pankescher)
  • 130 g Miel
  • 260 ml Mëllech
  • 1 Ee
  • 3 Tranchen Ham
  • 3 Tranchen Kéis
  • Salz & Peffer
  • Ueleg fir an t'Pan


Description


  • Aus Miel, Mëllech an Ee den Deeg fir Pankescher vermëschen
  • Mat Salz an Peffer würzen
  • Pan mat Ueleg erhëtzen
  • Den Deeg mat enger Zoppenkelle an t'Pan machen
  • No 2 Minuten den Pankesch dréinen
  • Wann déi 2 Säiten schéin gold ausgesinn eng Scheif Ham an eng Scheif Keis droplëen
  • Wann den Kéis uffänkt ze schmelzen, den Pankesch an der Mëtt diebelen
  • Den Pankesch op den Teller leen an en sech schmaachen loosen!