Passer au contenu principal

Selwergemachten Pizza

10.04.2020

Selwergemachten Pizza as ganz einfach. 



Matériel



  • Schossel
  • Rull
  • 250 ml lauwaarmt Waasser
  • 1 Wierfel frësch Hief ( alternativ 2 Päck Trockenhief)
  • 1 Téiläffel Salz
  • 2 Iessläffel Ueleg
  • 500g Miel + een bëssen Miel fir beim Ausrullen
  • Tomatenzooss
  • Bäilage (Kéis, Zwiewelen, Salami, ... )


(Hellef vun den Elteren beim Knieden; beim Uewen)

Description


  • D’Hief gutt mam lauwaarmen Waasser an enger groussen Schossel vermëschen
  • D’Miel, de Salz, den Ueleg dobäi gin
  • Elo alles gutt vermëschen an dëst ca. 5 Minutten knieden; die kennt och een Mixer huelen mat Knethaken 
  • Den Deeg 1 Stonn zougedeckt op enger waarmen Platz stoen loossen
  • No der 1 Stonn, soll den Deeg sech verduebelt hunn; Uewen op 240*C (Uewen-/Ennenhetzt) virhëtzen
  • Lo gëtt den Deeg ausgerullt. Huelt een Stéck vum Deeg an leet een op eng Platz wou dir Miel drop gestreet hutt.
  • Rullt den Deeg aus an leet een dono op een Bakblech
  • Tomatenzooss drop maachen an dat Geméis/Fleesch/Fësch wat dir gären hutt
  • ca. 12 Minuten am Uewen baken loosen (Beim eraushuelen vun der Pizza een Erwuesenen froen)
Gudden Appetit!