Zimtschnecken (vegan)
06.05.2020En leckert an vegant Bakrezept.
Matériel
Fir den Deeg:
- 150ml warm Pflanzenmëllech ( zum Beispill Soja, Mandel, Reismellech )
- 2 Iessläffel Zocker
- 1/2 Würfel Hief
- 30 g pflanzlech Botter
- 1 Pris Salz
- 270g Miel
Fir d'Fellung:
- 20 g pflanzlech Botter
- 3 Iessläffel Zocker
- 2-3 Téiläffel Zimt
Ausserdem braucht dir nach Bakpobéier.
Description
- Als éischt gëtt den Deeg virbereet. Dofir den Zocker mat der Hief an der waarmer Mëllech verréieren. (D'Mëllech kuerz erhëtzen) an dëst dann 10 Minutten stoen loossen.
- Dono de botter, d'Miel an d'Salz dobäi ginn an gutt knieden. Den Deeg 20-30 Minutten ofgedeckt stoen loossen.
- Den Uewen op 180*C virhëtzen.
- Dësen no der Rouzäit zu engem Rechteck ausrullen. Dann mat der Botter dem Zocker an dem Zimt besträichen.
- Den Deeg zesummerullen an an ongeféier 2cm déck Stécker schneiden.
- D'Zimtschnecken niewenteneen op den Bakpobéier op den Backbleck leen. Loosst dëst lo nach eng Kéier 15 Minutten goen.
- Lo sinn Zimtschnecken bereet fir an den Uewen. 25 Minutten goldbrong baken loossen.
Gudden Appetit!
Frot äer Elteren fir Hëllef beim Uewen an beim erhëtzen vun der Mëllech.