Passer au contenu principal

Kachkeis

08.05.2020

Kachkeis eng Letzebourgesch Spezialität
-esst een um Brout mat e besschen Moschtert driwer .....


Matériel



-250 g Kachkeis vun Luxlait an der Schlauchverpackung
-250g Rahm 15%
-Gewürz no onsem Geschmach

Description


-mir huelen onsen Kachkeis aus der Verpackung a schneiden an grob Stecker
-zesummen mat der Rahm gin mir alles an en Deppen
-mir lossen dat ganzt op niedereger Temperatur enner stänegem reieren schmelzen bis et eng homogen Masse ass
-des Masse darf op keen Fall kachen
-elo kann een no sengem Geschmach würzen Peffer oder Muskat  oder gedreschent Kreider,oppassen mam Salz spuersam sin, well am Kachkeis selwer schon Salz dran ass
-dass beim Offkillen keng Haut entsteet,stellen mir Deppen mam Kachkeis an  den Spullback mat kaalem Wasser a reieren esou lang bis en e bessi offgekillt ass
-voila,mir fellen eisen Kachkeis an eng Schossel ,
-mir lossen eis ,ons Kuscht mat Kachkeis gud schmachen...