Wurzelskuch
09.04.2020Passend zu Ouschteren, hei een Rezept fir een Wurzelskuch ( D'Hëllef vun engem Eruwuessen ass evtl néideg )
Matériel
- Schossel
- Mixer
- Bakform
- 2 Tasen Miel
- 1 Tas Nëss gemuelen
- 1/2 Tas brongen Zocker
- 1/2 Tas wäissen Zocker
- 2 Tasen geraaspelt Wuerzelen
- 1/2 Tas Mëllech
- 1/2 Tas ueleg
- 3 Téiläffel Bakpolver
- 1 Ee
- 1/2 Téiläffel Salz
Description
- Den Uewen op 175 Grad ( Uewen-Ennenhetzt ) virwärmen
- D'Ee mam Mixer ca. 2-3 Minutten schaumeg réieren
- All d'Zutaten dobäi gin an gutt vermixen
- Eng Bakform huelen an fetten. Dofir Botter oder Margarine huelen an Form domat besträichen. Dann bëssen Miel an d'Form gin an d'Form sou beweegen dass den ganzen Botter mat Miel bedeckt ass.
- Den Kuchdeeg an d'Form gin
- 50-60 Minutten am Uewen baken
Fir ze wëssen op den Kuch fäerdeg ass, gëtt et een einfachen Trick. Huel dir een Zännstocher an pick an den Kuch. Wann nach Deeg drunhänkt dann ass en nach net gutt. Wann keen Deeg méi drun hänkt dann ass den Kuch fäerdeg.