Spiller mat Waasser - Loftballonen
31.03.2020Matériel
Waasser - Loftballonen
Description
Waasserballonen schéissen
Et ginn 2 Equippen vun 4 Kanner gemaach. All Equipe kritt en Handduch. All Kand zitt dann un engem Eck vum Handduch esou dass een den Wasserballon op den Duch leen kann. De But vum Spill ass den Waasserballon vun engem Duch op deen aner schéissen ouni dass en op de Bueden fält.
Kegeln mat Waasserballonen
Dofir misst en 9 Becheren déi mat Waasser gefëllt sinn opstellen. D'Kanner stinn 5 Meter entfernt an mussen probéiren mat engem Waasser gefillten Loftballon esou ze rullen dass d'Becheren ëmfalen.
Vëlkerball mat Waasserballonen
Hei gëllen di selwecht Reegelen ewéi beim Vëlkerball ausser dass den Ball duerch en Waasser gefëllten Loftballon ersat gëtt. Wann een getraff gëtt riskéiert een natierlech naass ze ginn! (Mat en puer am viraus mat Waasser gefëllten Loftballonen muss een rechnen).