Känguruh
22.04.2020Mir bastelen en Känguruh
Matériel
Pesch (Pritt)
Zeechepabéier (mi deck wi normalen Pabéier) oder dennen Karton
Scotch
Blaistëftfaarwen
Känguruh-Schabloun
Schéier
Description
Als eischt peschen mir Känguruh-schabloun ob eisen mi decken Zeechepabéier an schneiden duerno di eenzel Stecker aus. Firwat? Ma fir dass eist Känguruh mi stabil as.
Dann schneiden mir eis eng Straif Pabéier vun ongeféier 2,3 op 11cm, des Straif get zu engem Reef geformt an mat Scotch zesummengepescht, desen Pabéierreef as fir de Beutel vum klengen Känguruh, di 2 kleng Känguruhdeeler gin openeen gepescht.
Di 2 grouss Känguruhdeeler gin lo um Kapp zesummengepescht. Op all Sait get dann och en Arm gepescht. Den Arm get sou ugepescht dass en sech duerno nach bewegen kann, also nemmen den Uewerarm unpeschen. Zweschen deene 2 groussen Känguruhdeeler get den Reef liicht schief (No uewen weisend) ugepescht, duerno gin di 2 Schwanzdeeler ennen um Enn uneneen gepescht. De Rëck get zousätslech nach mat Scotch fixéiert. Ganz zum Schluss setzen mir de klengen Känguruh an de Reef.
Vill Spaass ;o)
kanguru_schabloun.pdf (7 KB)