Een Ouschterhues bastelen
31.03.2020Een Ouschterhues aus engem Blummendëppchen:
- Den Blummendëppchen mat wäisser Faarf umolen oder en wäissen Jughurtsbecher benotzen.
- Op dem wäissen Zeecheblatt ginn 2 grouss Huesoueren op gemoolt ( ënnen vun den Oueren soll am beschten e bëssen méi drun sinn fir dat dono un ze pechen)an op dem rosat Zeecheblatt ginn och 2 méi kleng Oueren opgezeechent an enger ovaler Form (op Foto kucken).
- Dat geet dann alles ausgeschnidden an déi rosa Oueren ginn op déi wäiss Oueren op gepecht.
-Wann den Blummendëppchen gedréchent ass oder evtl. den Jughurtsbecher kann en drop wackel Aen pechen oder einfach Aen drop molen.
- Dann ginn déi dënn Äscht oder den Stréi ënnert den Aen opgepecht an den Ponpon geet do drop gepecht.
- Ënnert der Nues(Ponpon) geet nach en Mond gemoolt an lenks an riets vun der Nues ginn nach kleng Punkten gemoolt.
- D`Oueren ginn mat dem wäissen ënneschten Deel vun den Oueren gediebelt fir den Stéck um Blummendëppchen oder um Jughurtsbecher opzepechen.
- Fir dass een deen Deel dono net gesäit kennt do eng kleng Schnouer drun an dann mëscht een e Putsch draus.
Matériel
-Een Blummendëppen oder een wäissen Jughurtsbecher
- evtl. wäiss Faarf fir den Blummendëppen ( am beschten Acryl Faarf)
- Een wäisst an een rosat Zeecheblatt
-Eng Schnouer
- evtl. wackel Aen
-Een Ponpon fir d`Nues
-Een Bensinsteft oder eng schwaarz Touch
- Zwee kleng dënn Äscht oder Stréi
- Pechpistoul oder Uhu