Passer au contenu principal

Pancakes

31.03.2020

Pancakes maachen ass KANNERliicht an mega lecker!


Matériel


  • 150g Miel
  • 1 TL Bakpolver
  • 3 Prisen Salz
  • 30g Zocker
  • 150ml Mëllech
  • 1 Ee


Description


  1. Miel, Bakpolver an Salz an eng grouss Schossel sieben & Zocker ënnerréieren.

  2. En Ee opschloen an zesummen mat der Mëllech mat engem Schnéibiesem verréieren.

  3. Ee-Mëllech Mëschung zu den dreschen Ingredienten an alles gutt vermëschen.

    Optional kann een hei nach Molbieren, Hammbieren, etc drënner mëschen.

  4. Botter an der Pan schmëlzen loossen an den Deeg Portiounsweis (+- 2 Läffelen Deeg) an t'Pan ginn. Wann den Panesch ufänkt Blosen ze kréien an ënnen schonn gold-brong ass, dann ëmdréinen.

  5. Wann den Panesch duerch ass kann en zerwéiert ginn.