Passer au contenu principal

Reeboukuch

29.04.2020

Een einfacht an flott Backrezept


Matériel


- 4 Eeër 
- 1 Päckelchen Vanillszocker
- 350g Miel
- 250g Zocker
- 250 ml Speiseueleg 
- 125 ml Mëllech
- 1 Packung Bakpolver 
- Liewensmëttelfaarwen 

Eng grouss Schossel, Mixer, kleng Schosselen, Bakform

Description


- Uewen op 180 Grad Uewen-/Ennenhetzt virhëtzen
- D'Eeër mam Ueleg an mam Zocker ongeféier 3 Minutten verréieren
- D'Miel, de Bakpolver den Vanillszocker dobäi gin an vermëschen 
- Lo nach d'Mëllech dobäi gin an alles gutt réieren oder mixen 
- Den Deeg op 4 kleng Schosselen opdeelen, an dësen lo mat verschiddenen Liewensmëttelfaarwen fierwen ( Kuckt iech d'Fotoen un ) 
- Huelt iech elo eng Bakform, fett dëst an fir dass den Kuch dono net drun hänken bléift. 
- Huelt iech lo Läffelen, an gitt vun all Faarw ëmmer 2 Läffelen an d'Bakform gin, dëst esou laang bis keen Deeg méi do ass. 
- Den Kuch ongeféier 45 Minutten baken 

Tipp: Fir ze kucken op den Kuch gutt ass, kennt dir een Holzstäbchen huelen an an den Deeg picken. Wann keen Deeg méi drun hänken bléiwt as deen Kuch fäerdeg

Fro iech Hëllef vun ären Elteren, beim uewen an beim eraushuelen vum Kuch