Passer au contenu principal

Ween sinn ech?

01.04.2020

Een witzegt an amusant Gesellschaftsspill


Matériel


- Post-its
- Pobeier / Scotch
- Een Stëft
- Dir musst zu min. 2 Persounen sin

Description


Am Ufank vun der Aktivitéit setzt dir iech zesummen. Jiddereen wielt sech eng aner Persoun aus.
Dono schreift jiddereen den Numm vun enger berühmter Persoun /enger Märchenpersoun/ engem Déier/... (Der Kreativitéit ass keng Grenz gesat) op een post-it / Pobéier.
Dir musst der auserwielter Persoun dësen post-it elo op d'Stier päschen.

Elo fänkt d'Spill un: Dir stellt denen Persounen déi mat iech spillen, eng Fro déi mat JO/NE beäntwert kann gin. 
Wann är Fro mat JO beäntwert gin ass, kennt dir nach eng Froen stellen. Esoulaang bis är Fro mat NE beäntwert gëtt. Dann as den nächsten drun. 

Deen éischten deen et erroden huet, huet gewonnen.

Froen kéinten z.B sinn: Sinn ech een Déier? Sinn ech eng Fra? Sinn ech al? Hunn ech brong Hoer? Liewen ech an Lëtzebuerg? Spillen ech gären Basketball? Sinn ech berühmt? 


Vill Spaass!