Passer au contenu principal

Bauerebrout

20.04.2020

Mmh warmt selfergebakent Brout! Wien kann do net wieder stoen. Et bréngt Ofwiesslung ob den Dësch an schmaach herrlech frësch aus dem Uewen.



 



Matériel


1 kg Miel (Klengbettener Millen Bakmëschung) 
640 ml Waasser 25˚C
40 g Hief
20 g Salz

Schossel
Miessbecher
KitchenAid oder deng Hänn



Description


  • Hief am Waasser obpleisen.
  • Miel an eng Schossel gi, Salz, Waasser mam Hief draschëdden.
  • Deeg mat den Hänn oder mat der KitchenAid mëschen.
  • Den Deeg mat engem Kichenduch zoudecken, op enger waarmer Platz ½ Stonn rouen lossen. 

Baken 220˚C
Bakzäit 40 Min

Den Deeg kann och mat Hieselnëss, Sonneblummekären oder Kürbiskären verfeinert gin.