Krümmelmonster Muffins
04.05.2020Matériel
- 260 g Miel
- 2 Téileffel Backpolver
- evtl. 1 Prise Salz
- 120 g Zocker
- 2 Eer
- 100ml Uelleg
- 220g Jogurt
- 2 Leffelen Backkakao
- 250g Puderzocker
- 3 Essläffel Wasser / Zitrounenjus
Ausserdeem braucht dir nach Liewensmettelfaarw ( Blo ), Kokosraspelen, Muffinspobéierformen, Muffins Oreo, Dekoaan
Description
Fir den Muffinsdeeg
- Hetzt den Uewen op 180 Grad Uewer-/Ennenhetzt vir.
- D'Miel, Bakpolver, Zocker an Salz zesummen vermëschen. Dann d'Eeër, de Jugurt an den Ueleg dobäi gin alles kuerz awer kräfteg mateneen veréieren. Hei fir kennt dir och een Mixer huelen.
- Verdeelt dëst elo an d'Muffinsformen. Haalt en bëssen Deeg iwwreg, an gitt hei den Kakao dobäi. Wann den Deeg ze déckflësseg ass kennt dir nach bessen Mëllech oder Jugurt dobäi gin.
- Verdeelt den Recht lo nach an d'Muffinsformen.
- Huelt iech lo en klengen Holzstäbchen. Veréiert kuerz den donkelen mam hellen Deeg, sou entsteet een Marmor Muster.
- Muffins ongeféier 20 Minutten baken loossen. Tipp: Fir ze kucken op d'Muffins gutt sinn, kennt dir een Holzstäbchen huelen an an den Deeg picken. Wann keen Deeg méi drun hänken bléift ass sin Muffins fäerdeg
- Muffins ofkillen loossen
Frot iech Hëllef vun ären Elteren, beim eran an beim eraushuelen vun den Muffins
Fir d'Deko
- D'Waasser oder den Zitrounejus mam Pudderzocker vermëschen. Blo Liewensmëttelfaarf dobäi gin. Et soll net ze flësseg sinn, awer och net ganz haart.
- D'Kokosraspelen an eng Schossel gin an mat bloer Liewensmëttelfaarf afierwen ( Benotzt Hännercher, well des fierwen of )
- Gitt elo bëssen vun der Puderzockermëschung op ären kalen Muffin.
- Elo d'Muffins kappiwwer an d'Kokosraspelen drécken soudass den ganzen Muffin mat Kokosraspelen bedeckt ass.
- Deelt den Oreo an zwee. Schneit elo fir den Mond vum Krümmelmonster een klengt Stéck vun ärem Muffin of, esou dass d'Hallschent vum Oreo dran passt
- Elo just nach d'Aan drop päschen ( Huelt heifir bëssen vun ärer Puderzockermeschung ), alternativ kennt dir och Marzipan huelen an Schokodrops als Aan huelen