Eer Experiment
30.03.2020Beim Eer Experiment geet et drems, dass d'Kanner hierer Fantasie an hierem Hafaalsréischtum fréien laaf lossen.
Matériel
- Réi Eer
- Alles waat een Doheem kann fannen waat daat Ee kéint protégéieren.
(z.B. Joghurts Becheren, Pabéier, Stréihalem, Scotch, Eer Këschten, Stécker Stoff,...)
Description
Gidd den Kanner en Ee mat dem Matérial waat der hinnen zur Verfügung stellt. Dir kënnt hinnen eng Zäit ginn, wéi laang sie hunn fir hiert Ee esou ze schützen, dass et net futti geet wann et fällt. Flott ass et natierlech och, wann dier als Erwuessener och mat maacht, well daat spornt d'Kanner nach méi un.
Wann d'Kanner dann ferdesch sinn mam apaacken vum Ee, dann gidd der zesummen op eng Plaatz (1. oder 2. Stack) wou der mengt dass d'Ee, wann net gud verpaack, futti keint goen, an losst et dann aus der Fenster/Dier oder vum Balkon erof faalen.
Dono gidd der eraus kucken weem sein Ee nach ganz ass.