Petit Beurre Kuch mat Bottercrème
31.03.2020An hei en Rezept vir en leckeren Petit Beurre Kuch den schmacht souwuel denen Klengen wei och denen Groussen an wärt ierch aeren Daag verséissen
Vill Spaass an en gudden Appetit!!
Vill Spaass an en gudden Appetit!!
Matériel
Vir d’Bottercrème:
500gr Botter
400gr Puderzocker oder rengen Zocker
4 Eer
5 EL Kakao
1 Päckelchen Vanillezocker
Vir den Kuch:
350gr-500gr Petit Beurre Kichelcher (je no Gréisst vum Kuch)
Kaffi/Nesquik/Mellech-je no Geschmach →vir Petit Beurren ze zappen
Schokola/M&M’s/Krokant/Marzipan vir ze dekoreiren
Description
Schrëtt 1: Bottercrème virbereeden
→4 ganz Eer mat ongefeier 400gr Zocker an enger Schossel meschen an mam Mixer schäimeg schloen
→500gr Botter den temperéiert ass mam Mixer durchréiren an dann d’Eer-Zockermeschung lues derbeigin an e puer Minuten weiderréiren
→D’Bottercréme je no Goût verfeineren mat z.B. 5 EL Kakao, dono nach 1 Päckelchen Vanillezocker dobai machen an daat ganz vermeschen
Ferdeg ass äer Bottercrème
Schrëtt 2: Den Kuch prépareiren
→D’Petit-Beurren eenzel an den Kaffi (Schoki oder Mellech) zappen an eng Lag op en Plateau/Teller leen
→Bottercrème driwwer streichen mat engem Messer (net ze fest drecken, soss gin Kichelcher futti) Bild 1
→Dann erem eng Lag Kichelcher an sou weider (6-8 Lagen)
→Zum Schluss de ganze Kuch mat Bottercrème iwerzèien an dekoreiren (z.B. Schokola, M&M’s, Marzipanfiguren ⟨kann en och selwer machen an d’Kanner kreativ fuerderen⟩, Krokant, etc...)
Bild 2/Bild 3