Geigenstänn mierken
02.04.2020Daat hei ass en kléngt Spill daat een emmer nees kann maan an och emmer méi schwéier kann maachen.
Matériel
1 Duch oder 1 Decken
Verschidden Geigenstänn déi een esou doheem huet.
Description
Op engem Dësch verdeelt een 10 Geigenstänn. Elo huet een 1 Minute Zäit sech déi eenzel Geigenstänn unzekucken an zemierken. Dono gin d'Geigenstänn mat engem Duch oder enger Decken verdéckt.
Wéi vill Saachen konnt där ierch mierken?
Wann een weider wëll maachen kann een d'Unzuel vun den Geigenstänn stéigeren an et nach engkéier probéieren. Bis wéi vill Saachen kommt där?