En léiwen Ouschterhues
31.03.2020En Ouschterhues basteln? Mat waat? Hei ass eng Iddi vun engem einfachen Ouschterhues ais Material wou een esou doheem am Alldaag huet!
Vill Spass an sidd kréativ!!!
Matériel
- Verschidden Stécker Karton, harden Pabeier (Këschten vun Amazon, Kaatzenfudder, etc)
- Verschidden Gréissten bun Glieser, Becher, Telleren,... fir Kreeser opzezeechnen
- Eng Schéier
- Pech (Pritt, Uhu, Pechpistole, Scotch oder Tesatape,...)
- Fuedem/Woll
- Perlen oder Schalimo'en
- Egal wéi eng Blieder; Faarweg Blieder, waiss Blieder, Zeitungen oder Zeitschrëften déi een net mei brauch
- Faarwen: egal; Wasserfaarwen, Gouache, Acryl, Bleistëftsfaarwen, Touchen
Description
- Gesicht vum Hues op engem Karton opzeechnen an eraus schneiden
- Op engem waissen Blaat: Daat bannend vun den Oueren op zeechnen, Nues an Baaken (wann een keen waiss Blaat huet kann een och aus irgendenger Zeitung Motiven opzeechnen an erausschneiden) Déi Motiven déi op engem waissen Blaat opgezeechend ginn, kann Kand dono mat Wasserfaarwen, Bleistëftsfaarwen oder Touchen ausmolen an dann eraus schneiden
- Verschidden Gréissten vun Kreesen jeweils 2mol opzeechnen an erausschneiden
- Blieder fir un Wuerzel (waat Kreesen duerchstellen) 3 mol opzeechnen an eraus schneiden an wann een Gouache oder Acrylfaarw doheem huet kann een dei unmolen
- Wann een keng Perlen doheem hues aus Schalimo'en kléng Stécker schneiden
- Zum Schluss wann alles drechen an eraus geschnidden ass, huelen mir en Fuedem oder Woll, maachen ennen en Knued dran an fänken mat enger Perel oder en Stéck Schalimo un deen duerch den Fuedem ze zéihen. Opgepasst kuckt dass ären Fuedem laang genuch ass!!!
- Ofwierselnd get all kéiers eng Perel/Schalimo an en Krees duerch gezunn! Opgepasst bei ass Krees get mat eppes Spatzes (eng Nol, eng Pick) en Lach grouss genuch duerchgestach dass den Fuedem gudd duerch kennt (kann bei engem kléngen Kand vun engem Erwuessenen gemaach ginn)
- Wann Schalimo'en an Kreeser all duerch sinn, dann gin nach déi 3 Blieder duerchgezun, fier se e bessen ze stabiliséieren fir dass se haalen, hun mir ze e bessen uneneengepecht, dann rutschen se net hin an hier.
- Dono get den Huesenkap un den Fuedem ugepecht mat Scotsch oder Tesatape oder mat enger Pechpistole, waat een esou doheem huet.
- Zum Schluss nach zwou Perlen/Schalimo'en dran an voilà faerdeg ass eisen Ouschterhues
- Vill Spass, eisen hänkt un der Kannerzemmerdier
Dir fannd och Fotoen wou alles genau dokumentéiert ass wéi mir et gemaach hun, et kann villait just
sinn dass sie net déi richteg Reihenfolg hun!