Passer au contenu principal

Paangescher maachen

14.04.2020

Fir un ze fänken mëscht een 500 gr Miehl an d'Schossel an dann gëtt een 4 Eër dobei. Dono mëscht een souvill Mëllëch dobei an fänkt un mat mixen. Et brauch een sou vill Mëllëch bis den Deeg flësseg ass. Fir dass den Deeg gutt fluffeg gëtt, kann een optional nach eng kleng Schlupp Spruddelwaasser dobei ginn. Alles nach eng kéier gutt am Mixer réiheren.
Wann den Deeg flësseg an glat ass, dann kann een ufänken Botter oder Margarine an der Pan wuarm ze maachen. Dann hëllt een eng Louche mam Deeg an mëscht en an d'Pan. Et soll een d'Pan bëssen schwenken, fir dass den Deeg sech ganz verdeelt. Wann den Deeg uewen bal net méi flësseg ass, dann kann een den Paangescht dréihnen. Kuerz drop hëllt een den Paangesch eraus an leet en op den Teller oder Plateau an mëscht bëssen Zocker drop. 
Den Zocker kënnt nët direkt an den Deeg, well en soss an der Pan kéint peschen bleiwen.


Matériel


- Schossel
- Mixer
- Pan
- Louche
- Botter / Margarine 
- Teller / Plateau
- Miehl
- Eër
- Mëllëch
- Zocker
- Spruddelwaasser (optional)

Description