Passer au contenu principal

Memory selwer machen

11.05.2020

Memory selwer bastelen as ganz einfach. 


Matériel


- Decken Pobéier 
- Stefter 
- Schéier 

Description


- Schneit iech rechteckeg Kaarten aus Pobeier eraus, déi all selwecht grouss sinn. Dir kennt och Kreeser erausschnéiden. 
- Moolt elo op déi verschidden Kaarten Déieren, Persounen, Liewensmëttel, Geigenstänn etc. Héibei kennt dir ärer Kreativitéit fréien Laf loosen. 
- Dir kennt d'Kaarten entweder elo an 2 schneiden. Dann hutt dir z.b den Kapp vum Déier an säin Kierper déi zesummen passen.
- Eng aner Optioun ass dass dat wat dir elo gemoolt hutt, zweemol moolt. 

- Lo kennt dir d'Spill ufänken.
- D'Kaarte gin all emgedréint esou dass en net geseit wat op den Kaarten steet.
- De jengste fänkt un. Dir kennt zwou Kaarten emdréinen. Wann dir zwee mol dat selwecht hutt, oder d'Kaarten zesummenm passen dann as et nach eng Kéier un iech. Soulang bis d'Kaarten nemei déi selwecht sin oder net béiennen passen.
- Ziel vum Spill ass et am meeschte Kaarten ze fannen déi beienee passen. Dir hutt also entweder de Kapp vum Déier den mam Kierper zesumme passt, oder zwee mol dat selwecht Déier. 

Vill Spaass!