Passer au contenu principal

Orangen Kuch

23.04.2020

En Orangen Kuch den gutt bei dem Sonnegen Wieder passt



Matériel


Ingredienten

2 Bio-Orangen
200 g Botter
120 g Zocker
1 Pak Vanill-Zocker
4 Eeër
300 g Miel
2TL Bakpolver
2 EL Pudderzocker fir op den Kuch
Botter fir d'Form



Description


Zoubereedung

  1. D'Orangen mat waarmen Waasser wäschen an dreschen loossen. D'Schuel vun den Orangen (mat enger Kéisrapp) ofreiwen, d’Orangen an zwee schneiden an pressen. Den Uewen op 200C virhëtzen an d'Form fetten.
  2. Mat engem Biesem oder Mixer den Zocker, Botter an den Vanillszocker zesummen réieren. D'Eeër bäimëschen. An engem aneren Boll den Miel, den Bakpolver, d'Orangëschuel an d'Hallschent vum Orangen Jus zesummen mëschen. D'Mëschung lues an den Deeg réieren.
  3. Den Deeg lues an d'Form schëdden. 180C Umluft, 25 - 30 Minutten baken loossen. Wann den Kuch gebak ass, ofkillen loossen. Den Rescht Orangëjus op den Kuch géissen an dann mat Pudderzocker bestëbsen.

Bon Appetit