Passer au contenu principal

Insekten Insektenhotel

02.04.2020

Wolls du schon ëmmer am Besëtz vun engem eegenen Hotel sinn? Dann bau dir däin Insektenhotel ganz einfach selwer.


Matériel


  • Blechdous
  • (faarweg) Woll
  • Scheier
  • Holzpärelen
  • wäissen an schwarzen Filz oder decken faarwegen Pabéier
  • Päsch 
  • Hummer
  • Nol
  • Drot
  • Fëllmaterial (zB. Bambusstäbe, Holzwoll, Stréi, dënn Bengelen)


Description


  1. T'Blechdous gëtt mat der faarweger Woll ëmwéckelt, zum Schluss gëtt en Knuet gemaach.

  2. Un t'Ënnersäit vun der Dous ginn 6 Fiedem geknuet, dat ginn t'Been vum Insekt. Un all  Schluss vum Fuedem gëtt eng Holzpärel geknuet.

  3. Aus Filz oder faarwegen Pabéier ginn 2 grouss wäiss an 2 méi kleng schwarz Kreeser geschnidden. Dat ginn t'Aan vum Insekt. Dofir gëtt den klengen schwarzen Krees op den groussen wäissen Krees gepäscht. Op déi riets an lënks Säit vun der Dous gëtt dann jeweils een Aan opgepäscht.

  4. Mam Hummer an engem Nol gëtt un den Buedem vun der Dous en Lach gebuert.

  5. Duerch dat Lach an t'Öffnung vun der Dous gëtt en Droht gezunn. Déi 2 Wutzen vum Drot ginn verdreint.

  6. Zum Schluss gëtt dat ganz Fëllmaterial an t'Dous gestach domat déi kleng Insekten kënnen an dat neit Insektenhotel anchecken.