Trüffelen
27.04.2020Fir 60 - 80 Trüffelen
Matériel
250 gr Botter
200 gr Zocker
300 gr Huewerflacken
5 EL Kakao
2 Tuten Vanillszocker
10 EL kale Kaffi
Kokosraspelen
Description
Alles ausser Kokosraspelen an eng Schossel machen an dat gutt mat den Hänn knieden.
Wann alles gutt vermëscht ass gi kleng Bullen geformt. Bullen gi dann an de Kokosraspelen gedréint an op en Teller geluecht. Déi fäerdeg Trüffelen sollen dann fir 1 Stonn an de Frigo.
Vill Spaass beim nomaachen a gudden Appetit.