Selwer Seef maachen
09.04.2020Seef kann een zimlech séier alleng maachen an dat mecht de Kanner och zimlech vill Spaass :)
Matériel
Vun Material brauch een :
- Sheabutter Seifenbasis (kritt een op Amazon, Auchan, etc.)
- Lëffelen
- Kokosueleg (nativ) (1 bis 3 Iessleffelen)
- Eiswürfel Formen (wat se mei ausfaalend sinn wat Seef optesch nach méi flott gëtt)
- Liewensmettelfaarf
- Schosselen fir ze mëschen
Description
- Et schneidt een Seefebasis an klenge Stécker, et henkt natiirlech oof wéi een ee keeft. Oft kritt een déi schonn a klenge Stecker.
- An enger Schossel leen an dann an der Microwelle just wärend epuer Minutten waarm maachen. Dest hänkt vun all Basis oof, behaalt dat am Aa, nët datt se duerno ze waarm gëtt. Si soll schonn gutt flesseg sinn.
- Duerno kann een Kokosueleg derbai maachen fir den Geroch, dass iech iwwerlooss wéivill dir gären dran maacht (vun 1 bis 3 Leffelen)
- Dann hellt een souvill Schosselen wéi een brauch pro Faarf. Dann kennt Seefebasis an den verschiddenen Schosselen drann an dann kënnt Faarf am Spill JEt kann een souvill Liewensmëttelfaarf dranmaachen wéi een wëll, dann gëtt awer och Faarf vill méi intensiv.
- Wann een faerdeg ass mat mëschen an déi Faarfen erreecht sinn wou een wollt, dann leet een se an d’Eisformen drann.
- Elo wärend puer Stonnen dreschnen loossen.
- Et voilà an faerdeg ass eis faarweg Seef J