Geméiszopp
14.04.2020Mir kachen eng Geméiszopp
Matériel
Gromperen
Wuerzelen
Zwibbelen
Poretten
Selleriekapp
Navet (Optioun)
oder wat een soss nach gär huet ;o)
Description
Als eischt schielen mir Gromperen, Wuerzelen, Zwibbelen, de Navet an de Seleriekapp. Duerno schneiden mir all eist Geméis an kleng Stecker. Duerno wäschen mir alles enner kaalem Waasser an enger Saibecken propper. Dann schedden mir all eist Geméis an en grousst Deppen an fellen dest mat Waasser bis iwert Geméis. Mir setzen et op Kachplack an dréien déi grouss op fir dass Zopp kann kachen. Wann dir mierkt dass et warm get, macht dir Geméisküben/Geméisbrühe dobai.
Geméiszopp as sugutt wéi prett wann ärt Geméis mell as an een et mat der Forschette kann duerchpicken. Wann dir se welt mat ganzen Stecker kennt dir se direkt zervéieren, wann dir Geméiszopp léiwer reng hut, dann must dir se nach mat engem Püréierstab reng mixen. Dat as iech iwerlooss. Lo kent dir se zervéieren, fir déi di et gären hun kent der och nach e puer Croûtons oder e bessen Râhm dran schedden. E gudden Appetit ;o)