Fensterbild Huesenfamill
06.04.2020Mir bastelen eng Huesenfamill fir an Fenster
Matériel
Blaisteft
Schéier
Pesch
Kartong oder decken Zeechenpabéier fir Schabloun
Faarweg Zeecheblieder
evtl. en Geigendstand fir en Stummelschwanz
Description
Mat Blaisteft zeechnen mir eng oder méi Huesenform(en) an verschidden Gréissten op en Kartong oder decken Zeechenpabéier, duerno schneiden mir eis Form mat der Schéier aus.
Duerno leen mir eis Schabloun(en) op verschidden faarweg Zeecheblieder an zeechnen mam Blaisteft ronderem Schabloun. Wann dest gemach as, schneiden mir eis Huesenformen aus.
Wann dir lo nach welt an eppes doheem hut, kent dir all Hues en Stummelschwanz oppeschen, wann net dann kent dir den Stummelschwanz och einfach opmolen.
Wann dir domat ferdeg sid kent dir Hiesecher an är Fenster mat engem klengen Steck Scotch peschen. Kuckt mol op de Fotoen wi flott dat ausgesait.
Vill Spaass ;o)