Passer au contenu principal

Ouschtereeër marbréieren mat Neellack

30.03.2020

Ouschtereër fierwen mol anescht


Matériel


- Eeër 
- Schossel 
- Plastiktut (optional fir an d'Schossel)
- Neellack
- Hännercher
- Waasser (bëssen waarm)





Description


Huelt iech eng mëttelgrouss Schossel, déi dir mat enger Plastikstut ausleet. D'Plastikstut ass optional fir dass d'Schossel duerno net voller Neellack ass. Fëllt d'Schossel duerno mat Waasser, dat bëssen waarm ass. D'Kanner kennen elo puer Drëpsen vum Neellack an d'Waasser maachen. D'Faarwen kennt dir dann kuerz verréieren, mee waart net ze laang, well den Neellack dréchent. Elo muss dir just d'Eeër an Waasser tauchen an schonn hutt dir en marbréiert Ouschteree.

Dir kennt och gären aner Saachen marbréieren, wei Steng oder Porzeläin.