Broutzeit mam Max a Moritz
28.04.2020Gesin se net keck aus,eis zwee lecker Typen mat hieren Hoer aus Kresse an hieren Aan aus Radiesecher
Matériel
-Brout
-Quark(weissen Keis)
-Gemeis :Wurzelen,Cornichon,Oliven,Radiesecher,Tomaten, usw....
-Kreider : Kresse,Scnittlauch,Frühlingszwiebelcher,Bärlauch usw....
Description
Oft ass een mol zweschenduerch hongerech,an soll oder well een jus eppes klenges iessen.
Mir prepareieren onsen Quark (weissen Keiss) am beschten magerstufe mat freschen Kreider,mir schneppelen ons Kresse ,Frühlingszwiebelen,Schnittlauch an Bärlauch ganz kleng a vermeschen dann ons Kreider mam Quark...
Mir huelen ons Schmier,dei mir och toasten kennen,an schmieren dei ganz Fläch vun onser Schmier mat onsem Kreiderquark,dono garneieren mir ons Schmier .
mam Gemeis wat mir zu Verfügung hun zu engem flotten Gesicht
ZB - Tomaten fir Aan
- Radiesecher fir Nues
- Wuerzel fir Mond
- Kresse fir Hoer
eiser Phantesie ass keng Grenz gesaat,mir garneieren no Loscht, Laun an Geschmach
e gudden Appetit